Eis Charte, Är Garantie fir Qualitéit

Wärend der ganzer Formatioun steet Mastercraft Iech als perséinleche Partner zur Säit. Eist gréisst Engagement gëllt der Zefriddenheet vum Client.

Inhalt

Mir hunn iwwert d’Joren eist eegent Léiermaterial entwéckelt. Domat vermeide mir, datt op mëttelméisseg Léierbicher zeréckgegraff muss ginn. Eist Material ass modern a gräift Elementer aus der Aktualitéit op. Eis Formateure benotze Laptop, Videomaterial, asw. fir de Cours méi lieweg ze gestalten.
Eis Coursë sinn op d’Kommunikatioun ausgeluecht, well nëmmen Exercicë maachen net duergeet!

Feedback

All Client erhält zum Schluss vu senger Formatioun eise Formulaire d’Evaluation, an deem hien eis genee matdeele kann, wéi hien de Cours a senger Globalitéit fonnt huet. Ausserdem kënnen d’Clienten e Kommentar op eiser Internetsäit publizéieren. Transparenz puer! Och eng negativ Kritik ass eng gutt Kritik, well se et eis erlaabt, aus eventuelle Schwaachpunkten ze léieren an et an Zukunft besser ze maachen.
Keen ass perfekt, dat soll awer net heeschen, datt een net probéiere soll, sou gutt wéi méiglech ze sinn.

D'Bedierfnesser vum Client

De Client steet am Mëttelpunkt wärend der ganzer Formatioun. Mastercraft versicht zu all Zäitpunkt, senge Wënsch am beschten ze entspriechen an optimal u säi Léierzil unzepassen. Den Objektiv vum Cours leeë mir zesumme mam Client wärend der Prise de contact pédagogique fest.
Mir zwéngen eise Clientë kee Standardprogramm op. Eise Slogan ass : Parce que chaque cours est unique, all Cours ass eenzegaarteg!

Eist Personal

Eis Formateure sinn Universitären. Mir bevirzuche Kandidate mat enger gewësser Erfarung am Enseignement. Doriwwer hinaus muss all Formateur reegelméisseg un eisen interne Workshoppen deelhuelen, am Kader vun der Formation professionnelle continue.
Professionalismus, Motivatioun, Disponibilitéit an Upassungsverméige si just e puer Elementer vun eisem Erfollegsrezept.
Mir schléisse mëttelméisseg forméiert Kandidaten direkt aus a garantéieren eisem Client doduerch de beschte Formateur fir säin individuelle Cours.

Transparenz an Evaluatioun

Zum Schluss vun all Formatioun, kritt de Client eng detailléiert Evaluatioun vu sengem Sproochniveau, deen hien erreecht huet. Dobäi respektéiere mir d’Echelle vun der Europäescher Unioun (CECR). www.mastercraft.lu/cecr
D’Diplomen, déi Mastercraft Language Solutions dem Client zum Schluss vun der Formatioun ausstellt, hunn en offizielle Status a si vum Ministère de l’Education Nationale et de la Formation Professionnelle unerkannt.

Continuitéit

Mat Mastercraft ass all Cours eenzegaarteg. Mir probéieren eis an den Evaluatiounssystem vun der Europäescher Unioun anzeglidderen (Echelle globale du Cadre Européen Commun de Référence pour les langues du Conseil de l’Europe, kuerz CECR), fir datt eise Client genee weess, wou e steet a säi Sproochniveau national an europawäit vergläiche kann. Am Sënn vun der Continuitéit vermeide mir den dackse Wiessel vun eise Formateuren.
Mir probéieren eist Personal duerch en agreabelt Aarbechtsklima ze fideliséieren. Dovu profitéiert zum Schluss eise Client !

Struktur

D’Struktur vum Cours leeë mir zesumme mat eise Clientë fest.
Mir schreiwe kee Standardprogramm vir, ma ginn op d’individuell Bedierfnesser vum Client an.

Eis Präisser

Mastercraft bitt Iech de beschte Präis zur beschter Leeschtung an ass doduerch de Leader am Beräich vum Rapport Qualitéit-Präis zu Lëtzebuerg.