VIP Formel
- Dir hutt an 2 Wochen e Meeting zu London ?
- Dir schafft an engem internationalen Ëmfeld ?
- Dir schwätzt dacks mat auslännesche Clienten um Telefon ?
Eis VIP Formel erlaabt Iech, einfach a séier eng nei Sprooch ze léieren oder ze perfektionéieren. Schwätzt mat all Äre Clienten an hirer Mammesprooch!
Dir hutt vill Verantwortung a wéineg Zäit ?
Dank eise kompetitive Präisser bezuelt Dir bei eis net méi fir e personaliséierte Cours, wéi anzwousch anescht fir e Standardcours an enger Grupp vun 10 Persounen oder méi.
Verléiert net méi Är Zäit a Standard-Gruppecoursen! Léiert sou séier wéi Dir et wëllt a loosst Iech net duerch Anerer ausbremsen! Behandelt déi Themen, déi Iech interesséieren, amplaz e Standardprogramm ze suivéieren!
Mat eiser VIP Formel ass dat alles an nach villes méi méiglech.
Mir ënnerriichten :
(ab 10 Stonnen)
- Däitsch
- Franséisch
- Lëtzebuergesch
- Chineesesch
- Englesch
- Portugisesch
- Italieenesch
- Spuenesch
- Katalanesch
- Hollännesch
- Finnesch
Weider Sproochen op Nofro (vun 30 Stonnen un).
gratis Devis
Mir sti jidderzäit gär zur Verfügung fir Iech all ons Formatiounen ze präsentéieren. Gratis an ouni Engagement fir Iech !