eis Offres d'emploi

Mastercraft Language Solutions ass zënter 2007 en etabléierten an unerkannten Acteur am Beräich vun der Formation professionnelle continue zu Lëtzebuerg. Mir si bestänneg op der Sich no neien Talenter, wéi Iech!

Mastercraft zielt op Är Dynamik an Äert Talent fir eis Formatiounen, déi mir eise Clienten ubidden, an eiser Schoul awer och direkt bei hinnen.

De Kandidat muss dem folgende Profil entspriechen :

  • a senger Mammesprooch ënnerriichte kënnen
  • op d’mannst eng Première oder eng 13ième hunn
  • schonn eng gewësse Beruffserfarung matbréngen
  • den Autosfürerschäin hunn (Permis B)

Wann Dir flexibel an dynamesch sidd an Iech mat eiser Philosophie indentifizéiere kënnt, da kontaktéiert eis. Mir géingen eis freeën, Iech op e perséinlecht Virstellungsgespréich anzelueden.

Mir bidden e jonkt an dynamescht Aarbechtsklima an e Salaire, dee motivéiert.

Schéckt Äre kompletten Dossier (Lettre de motivation, Liewenslaf, Kopie vun den Diplomen) un jobs@mastercraft.lu.