Eis Charte,
Är Garantie fir Qualitéit

Während der ganzer
Formatioun steet
Mastercraft Iech
als perséinlechen
Partner zur Säit.
Eist gréisst Engagement
gëllt der Zefriddenheet
vum Client.

D'Bedierfnesser vum Client

De Client steet am Mëttelpunkt während der ganzer Formatioun. Mastercraft versicht zu all Zäitpunkt, senge Wënsch am beschten ze entspriechen an optimal u säi Léierzil unzepassen. Den Objektiv vum Cours leeë mir zesumme mam Client während der Prise de contact pédagogique fest.
Mir zwéngen eise Clienten kee Standardprogramm op. Eise Slogan ass : Parce que chaque cours est unique, all Cours ass eenzegaarteg!

Eist Personal

Eis Formateure sinn all Universitären. Mir bevirzuchen Kandidate mat enger gewësser Erfahrung am Enseignement. Doriwwer hinaus muss all Formateur reegelméisseg un eisen interne Workshoppen deelhuelen, am Kader vun der Formation professionnelle continue.
Professionalismus, Motivatioun, Disponibilitéit an Upassungsverméige si just e puer Elementer vun eisem Erfollegsrezept.
Mir schléisse mëttelméisseg forméiert Kandidaten direkt aus a garantéieren eisem Client doduerch de beschten Formateur fir säin individuelle Cours.

Continuitéit

Mat Mastercraft ass all Cours eenzegaarteg. Mir probéieren eis an den Evaluatiounssystem vun der Europäescher Unioun anzeglidderen (Echelle globale du Cadre Européen Commun de Référence pour les langues du Conseil de l'Europe, kuerz CECR), firdatt eise Client genee wees, wou e steet a säi Sproochniveau national an europawäit vergläiche kann. Am Sënn vun der Continuitéit vermeide mir den dackse Wiessel vun eisen Formateuren.
Mir probéieren eist Personal duerch en agréabelt Aarbechtsklima ze fidéliséieren. Dovu profitéiert zum Schluss eise Client !

Struktur

D'Struktur vum Cours leeë mir zesumme mat eise Cliente fest.
Mir schreiwe keen Standardprogramm vir, ma ginn op d'individuell Bedierfnesser vum Client an.

Inhalt

Mir hunn iwwert d'Joren eist eegent Léiermaterial entwéckelt. Domat vermeiden mir, datt op mëttelméisseg Léierbicher zeréckgegraff muss ginn. Eist Material ass modern a gräift Elementer aus der Aktualitéit op. Eis Formateure schaffe vill mat dem Laptop, Videomaterial, asw. fir de Cours méi lieweg ze gestalten.
Eis Course sinn op d'Kommunikatioun ausgeluecht, well nëmmen Exercice maachen net duergeet!

Transparenz an Evaluatioun

Zum Schluss vun all Formatioun, kritt de Client eng détailléiert Evaluatioun vun sengem Sproochniveau, deen hien erreecht huet. Dobäi respektéiere mir d'Echelle vun der Europäescher Unioun (CECR).
D'Diplomen, déi Mastercraft Language Solutions dem Client zum Schluss vun der Formatioun ausstellt, hunn en offizielle Status a si vum Ministère de l'Education Nationale et de la Formation Professionnelle unerkannt.

Feedback

All Client erhält zum Schluss vu senger Formatioun eisen Formulaire d'Evaluatioun, an deem hien eis genee matdeele kann, wéi hien den Cours a senger Globalitéit fonnt huet. Ausserdem kënnen d'Clienten en Kommentar op eiser Internetsäit publizéieren. Transparenz pur! Och eng negativ Kritik ass eng gutt Kritik, well se et eis erlaabt, aus eventuellen Schwaachpunkten ze léieren an et an Zukunft besser ze maachen.
Keen ass perfekt, dat soll awer net heeschen, datt een net probéiere soll, sou gutt wéi méiglech ze sinn.

Eis Präisser

Mastercraft bitt Iech den beschte Präis zur beschter Leeschtung an ass doduerch de Leader am Beräich vum Rapport Qualitéit-Präis zu Lëtzebuerg.

An e puer Wierder

Qualitéitsgarantie

Eis Qualitéitsgarantie an Erfollegsrezept méi Infoen

Formatiounen op Mooss

Verhandelt mat all Ären Geschäftspartner an hirer Mammesprooch méi Infoen

Eis kontaktéieren

Eis Büroe sinn op vu méindes bis donneschdes, vun 9 bis 11.30 Auer a vu 14 bis 18 Auer méi Infoen

Schwätzt mat Ären Korrespondenten an hirer Mammesprooch!
More

Dir hutt an zwou Wochen e Meeting op Englesch ?
Dir musst mat Italienesche Cliente verhandelen ?
Dir hutt dacks Portugisesch Clienten um Telefon ?

Mir hunn d'Léisung !

D'Sproochen, déi mir ënnerriichten:

Däitsch, Englesch, Franséisch, Hollännesch,
Italienesch, Lëtzebuergesch, Katalanesch,
Portugisesch, Spuenesch.
(weider Sproochen op Nofro)

More Méi Informatiounen

Jonk, dynamesch Enseignanten, déi Är Kanner verstinn an op hir Bedierfnesser aginn!
More

Huet Äert Kand Problemer an der Schoul ?
Dir wëllt, datt Äert Kand säi Schouljoer packt ?
Dir fannt, datt Nohëllefstonnen dacks vill ze deier sinn ?

Mir hunn d'Léisung !

More Méi Informatiounen

Eis Büroe sinn op vu méindes bis donneschdes vun 9 bis 11.30 Auer a vu 14 bis 18 Auer.
Freides op Rendez-vous
More

Mastercraft Language Solutions
88, rue de Strasbourg
L-2560 Luxembourg

Tel. : +352 26 84 50 65
Fax : +352 20 40 54 70
E-mail : v...@mastercraft.lu

Eis Büroe sinn op vu méindes
bis donneschdes
vun 9 bis 11.30 Auer
a vu 14 bis 18 Auer
Freides op Rendez-vous

More Méi Informatiounen